Jump to content

Hëllef: Temporär Konten

From mediawiki.org
This page is a translated version of the page Help:Temporary accounts and the translation is 100% complete.
Temporäre Kont - Popup no der éischt Ännerung
Eng Notifikatioun fir en temporäre Kont no der Verëffentlechung vun der éischter Ännerung

Wikimedia Projeten erlaben et jidderengem eppes z'änneren, mat oder ouni e Benotzertkont unzeleeën. Wann eng Ännerung iwwer en ugemellte Kont gemaach gëtt, gëtt d'Ännerung dem jeeweilege Kont an de verschiddene Logbicher a Säite wéi Rezent Ännerungen oder Historique zougeuerdent. Parallel dozou gëtt eng Ännerung, déi ouni Benotzerkont gemaach gouf, engem temporäre Kont – deen automatesch generéiert gëtt – zougeuerdent. En temporäre Kont gëtt am Numm vum net-ugemellte Redakter erstallt a bleift fir 90 Deeg bestoen. All Ännerungen dono, déi vum selwechten Apparat aus gemaach ginn, ginn deem selwechten temporäre Kont zougeschriwwen.

Firwat sinn temporär Konten néideg?

Virun der Aféierung vun temporäre Konte goufen Ännerungen, déi vun net-ugemellte Redaktere gemaach goufen, hirer IP-Adress zougeuerdent. IP-Adressen enthale sensibel Informatiounen, déi d'Privatsphär an d'Sécherheet vum Benotzer menacéiere kënnen. Fir dëse Risiko fir d'Privatsphär vum Benotzer ze reduzéieren, gouf decidéiert, temporär Konten anzeféieren. Ënnert dësem neie System ginn d'IP-Adressen, déi mat engem temporäre Kont verbonne sinn, verstoppt an nëmmen den Numm vum temporäre Kont gëtt ëffentlech enger bestëmmter Ännerung zougeuerdent.

Wie kann d'IP-Adresse gesinn, déi mat temporäre Konte verbonne sinn?

Optioune fir d'IP-Info fir en temporäre Kont unzeweisen
IP-Info-Funktioun mat den Datë vun temporäre Konten

Den Zougang op d'Donnéeën iwwer d'IP-Adresse vun temporäre Konten ass op déi Benotzer limitéiert, déi den Zougang brauche fir géint Mëssbrauch virzegoen. D'Krittäre fir op dës Donnéeën zouzegräifen, sinn an der Richtlinn Access to temporary account IP addresses formuléiert. No enger Ännerung gëtt d'IP-Adress déi benotzt gouf, 90 Deeg laang gespäichert. No 90 Deeg ginn dës Donnéeën aus eisen Datebanke geläscht. Fir all Detailer doriwwer gewuer ze ginn, wéi eng Donnéeë mir sammelen a wéi mir se benotzen, kuckt eis Dateschutzbestëmmungen.

Eis fräiwëlleg Moderatoren hunn Zougang zu verschidden Informatiounen iwwer Är IP-Adress. Dës Informatioune si limitéiert op Editeuren, déi se fir Moderatiounszwecker brauchen, fir géint Mëssbrauch virzegoen. D'Informatiounen, déi opgedeckt ginn, d'Zougangskrittären dorop a wéi se benotzt däerfe ginn, sinn an de Richtlinnen detailléiert beschriwwen.

Wann dat perséinlech Sécherheetsproblemer fir Iech mat sech bréngt, kontaktéiert wgl. talktohumanrights@wikimedia.org fir Iech beroden ze loossen.

Wéi funktionéieren temporär Konten?

En 2-Minutte Video (mat engleschen Ënnertitelen) iwwer d'Editéiere mat engem temporäre Kont
  • D'Nimm vun engem temporäre Kont si follgendermoossen opgebaut: ~2025-12345-6 (eng Tilde, d'Joer vun der Kreatioun, e Bindestréch an eng automatesch generéiert Seriennummer a Gruppe vu 5 Zifferen, mat engem Bindestréch getrennt). D'Benotzer kënnen d'Nimm vun hiren temporäre Konten net wielen oder änneren.
  • 90 Deeg nodeem en erstallt gouf, leeft den temporäre Kont automatesch of. E gëtt onbrauchbar an e ka keng Message méi op der Diskussiounssäit kréien.
  • Fir Ännerungen duerno, gëtt en neien temporäre Kont ugeluecht. Dir kënnt den ale Kont net halen; e gëtt desaktivéiert an Dir kënnt Iech net méi domat aloggen.
  • Et ass net méiglech sech an en temporäre Kont anzeloggen. Et gëtt keng Passwierder fir temporär Konten.
  • All Ännerungen, déi vum selwechten Apparat aus a mam selwechte Browser gemaach ginn, ginn dem selwechten temporäre Kont zougeuerdent, och wa sech d'IP-Adress, déi Dir benotzt, ännert (zum Beispill, wann Dir doheem an an engem Café editéiert). Dëst geschitt andeem e Browser-Cookie placéiert gëtt, deen Iech mam temporäre Kont verbënnt.
  • Temporär Konte sinn net wéi den Historique vum Browser oder Tabs déi op sinn. Wann Dir e Browser benotzt, dee sech op verschiddenen Apparater synchroniséiert, kritt Dir op all Apparater verschidde Konten zougewisen. Dat ass eng Konsequenz vun der Aart a Weis wéi Browser funktionéieren. Wann dat Iech stéiert, sollt Dir vläicht e Benotzerkont opmaachen.
  • Temporär Konte kënnen zu all Ament manuell desaktivéiert ginn andeems Dir Är Sëtzung zoumaacht oder Är Browser-Cookië läscht.

Wichteg Aspekter vun temporäre Konten

  • Temporär Konten ënnerscheede sech vu Benotzerkonten. Si hunn eng kuerz Liewensdauer a bidde manner Funktiounen. Mir sammele keng zousätzlech Donnéeë fir temporär Konten, iwwer déi eraus, déi fir déi normal Veraarbechtung néideg sinn.[clarification needed]
  • Temporär Konten hunn deelweis keen Zougang zu Funktiounen, déi fir ageloggt Benotzer disponibel sinn. Verschidden Aktiounen, wéi zum Beispill d'Eropluede vu Fotoen op Commons, sinn nëmme fir Benotzer mat engem registréierte Benotzerkont méiglech.
  • Temporär Konten hunn hir eege Benotzersäiten a Benotzer-Diskussiounssäiten, awer se gi schlussendlech vun der Persoun getrennt, déi d'Säit erstallt huet. Prinzipiell kann en temporäre Kont iwwer eng Weiderleedung mat engem reguläre Benotzerkonto verbonne ginn, dee méi spéit ugeluecht gouf. A verschiddene Projeten ass et wéinst der Ofkopplung vu Benotzerkonten net erlaabt, d'Benotzersäit vun engem temporäre Kont z'editéieren, nodeems en z. B. ofgelaf ass oder temporär gespaart gouf.
  • Temporär Konte kënnen Notifikatiounen kréien a gesinn e Banner iwwer nei Messagen op hirer Diskussiounssäit.
  • Temporär Konte kënne vun ageloggte Benotzer Merci gesot kréien, se kënnen awer kee Merci schécken.
  • Temporär Konte kënnen aner Benotzer pingen, a si kënnen am Géigenzuch och gepingt ginn.

E permanente Benotzerkont opmaachen

Dir kënnt zu all Ament decidéieren, e registréierten, permanente Benotzerkont opzemaachen. Registréiert Benotzerkonte bidden de beschte Schutz vun der Privatsphär, a bidde vill Astellunge fir d'Personaliséierung. E Benotzerkont opmaache geet séier an ass einfach. Dir braucht keng E-Mail Adress fir e Benotzerkont opzemaachen. Är Ännerungen an aner Aktivitéite ginn net automatesch weidergeleet. Iwwer eng Weiderleedung kënnt Dir vun Ärer neier registréierter Benotzersäit op Är al temporär Benotzersäit verlinken.

Kuckt och